Stroum doheem produzéieren
Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.
De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vill wéi méiglech selwer ze notzen. Hien erkläert ënner anerem, op wat een oppasse muss, wann een eng PV-Anlag installéiere wëll, a wéi en "Smart" Doheem hëllefe kann, d'Energie ideal anzesetzen. De Laurent Melchior vun Enovos...