Nohaltegt Bauen
Show notes
Wéi plangt een en Haus, wann ee klimaneutral an energieeffizient wëll bauen? An op wat muss ee besonnesch gutt oppassen, fir dass de Projet e Succès gëtt? Beim Max Pesch ass de Wonsch vun engem Holzhaus mat engem héijen Ecostandard Realitéit ginn. Mir maache mat him zesummen en Tour duerch d'Haus (Auteur vum Projet: Witry & Witry architecture urbanisme) a ginn ë.a. gewuer, wat eng Lehmmauer matzen an der Stuff fir Virdeleer huet a wéi eng Roll d'Photovoltaik ka spillen. Donieft gëtt et Tipps vum Sarah Juchems vun der Klima-Agence a puncto Subventiounen, an och Besuch vun enger Influencerin. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
New comment