Grénge Stroum zu Lëtzebuerg

Show notes

Hunn ech grénge Stroum doheem? A wa jo, wou kënnt en iwwerhaapt hier? De Max war bei Enovos laanscht luussen, fir sech vun dräi Experten aus verschiddene Servicer doriwwer opklären ze loossen.⁣ ⁣ Den Alain Hubsch ass als Head of Market Operations & Power Asset Trading bei Enovos responsabel fir den Akaf vum Stroum. De Roger Rütze huet den Duerchbléck wat Certificaten ugeet a kann erklären, wéi de Stroum säi grénge Label kritt. An de Germain Emeringer huet mat senger Equipe am Customer Service Center souwuel on- wéi offline Dag fir Dag en oppent Ouer fir d'Clienten, a weess, wou de Schong meeschtens dréckt. Donieft gëtt et och Tipps vum Energieberoder, ë.a. zum spuersamen Ëmgang mat der Energie.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.