All episodes

Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen

Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen

28m 44s

Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen?

Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen.

Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen.

Mam Wandrad vun der Zäit goen

Mam Wandrad vun der Zäit goen

26m 48s

Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn.

Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no.

Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf.

Nohalteg ënnerwee mat der CFL

Nohalteg ënnerwee mat der CFL

25m 6s

Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn.

Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus.

Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL.

Green Events

Green Events

25m 27s

Egal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht.

Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschriwwen huet, sech och ëm de Label vum Green Event ze beméien.

Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft

Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft

25m 58s

Waasserstoff – eng Technologie mat Potential.

An dëser Episode kréie mir en exklusive Bléck op d'Chancen an d'Hierstellung vum Waasserstoff vum Yves Reuter, Chef Projet am Beräich Waasserstoff bei Enovos. Zousätzlech hu mir de François Schneider, Strategy, Markets & EU Regulations bei Creos, ageluede fir seng Expertis iwwert déi national an europäesch Strategië mat eis ze deelen.

Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand

Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand

30m 11s

Solar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen?

An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen.

Dofir waren de Patrick Jeitz an den Eric Golinelli bei eis an hunn iwwer d’Challenges an d'Chancë vun sou Anlage geschwat. Och den Expert Pierre Kalmes vum Büro d’Etudes efor_ersa huet iwwer hir Beobachtunge bericht.

Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Fraen an der Welt vun der Energie

Fraen an der Welt vun der Energie

37m 7s

An dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien?

Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies bei Enovos a mam Anouk Hilger, Head of Renewables bei Enovos, bléckt de Max e bësse méi kritesch hannert d’Kulisse vun der Energie Branche.

Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger...

Smart Doheem

Smart Doheem

33m 2s

An dësem Episod dréit sech alles ëm Smart Homes: Wat mécht een Haus eigentlech "smart"? Wat kann ee mat der neier Technologie alles maachen? A virun allem, ass et just en "Nice-to-Have" oder kann ee mat der Smart-Home-Technologie wierklech Geld an Energie spueren?

Doriwwer schwätzt de Max mam Laurent Saeul, Administrateur délégué vu Minusines. Mee net nëmmen dat: Hie geet och live op e Chantier! De Charel Lentz baut nämlech grad een neit Haus. Bausse mat vill Holz a bannen… eebe smart.

Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Startups mat Fokus

Startups mat Fokus "Energie"

31m 37s

De Label "Made in Luxembourg" bedeit net onbedéngt ëmmer Kachkéis oder Cremant, heiansdo bedeit et och "Innovatiounen". An dësem Episode bléckt de Max hannert d'Kulisse vun 3 innovative Start-Ups aus Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der erneierbarer Energie ënnerwee sinn. Dofir begréisst en och direkt 3 Invitéen: de Grégory Nain vun Datathings, de Xavier Kohll vu Circuli-ion an de Christophe Timmermans vu SolarCleano. Digital Zwillingen, Wäschroboter vu PV-Anlagen a Batterien, deenen een zweet Liewe geschenkt gëtt: vill Spaass mat spannende Lëtzebuerger Success-Stories.

Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Energie Myth Busters

Energie Myth Busters

30m 21s

An dësem neien Episod gëtt de Max zum MythBuster, oder wéi hien et seet : Hien erfëllt sech e klengen Dram a moderéiert X-Faktor, das Unfassbare. Also op d'mannst bal.

Froe wéi "Gëtt et am Wanter méi séier waarm doheem, wann ech d’Heizung direkt op 5 dréinen? Verbraucht mäi Frigo méi Energie, wa méi Saachen dra sinn? A muss ech mäi Bakuewe wierklech waarm maachen ier ech lassleeën?" goufen de Leit an der Foussgängerzon an der Stad gestallt. De Max geet de bekanntste Mythen op de Grond a probéiert mat der Hëllef vum Laurent Melchior vun Enovos d'Léisungen dozou ze...