Gréng op den Oueren

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣

Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣

Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Gréng op den Oueren

Latest episodes

Ëmweltschutz an der Stad Lëtzebuerg

Ëmweltschutz an der Stad Lëtzebuerg

28m 58s

Wat bedeit Ëmweltschutz eigentlech am Alldag vun enger Stad?

De Pierre Schmitt, Délégué à l'Environnement vun der Stad Lëtzebuerg, gëtt eis en Abléck an d'Aarbecht hannert de Kulissen.

Mir schwätzen iwwer Loftqualitéit, iwwer den Opbau an d'Organisatioun vum Service Environnement an doriwwer, wéi och grouss Eventer ëmmer méi nohalteg an ëmweltfrëndlech organiséiert ginn. Eng spannend Episod iwwer déi vill Facettë vum Ëmweltschutz an eiser Haaptstad.

Nohalteg Bauen, mam Martine Schummer vu Schroeder & Associés

Nohalteg Bauen, mam Martine Schummer vu Schroeder & Associés

31m 3s

Wou kënnt d'Nohaltegkeet eigentlech am Spill, wann een nei Gebaier plangt?

Dës Fro stelle mir dem Martine Schummer vu Schroeder & Associés an dëser Episode vu Gréng op den Oueren. Wat bedeit "nohalteg" iwwerhaapt? Ass et nëmmen eng Fro vum Bauen – oder eng ganz Aart a Weis ze denken?

Lauschtert eran an entdeckt e Gebai ouni Dieren, nohalteg Approchen am Alldag – an eng Crèche, déi am ganze Land bekannt ass.

Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen

Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen

28m 44s

Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen?

Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen.

Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen.

Mam Wandrad vun der Zäit goen

Mam Wandrad vun der Zäit goen

26m 48s

Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn.

Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no.

Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf.