Gréng op den Oueren

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣

Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣

Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Gréng op den Oueren

Latest episodes

Nohalteg ënnerwee mat der CFL

Nohalteg ënnerwee mat der CFL

25m 6s

Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn.

Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus.

Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL.

Green Events

Green Events

25m 27s

Egal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht.

Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschriwwen huet, sech och ëm de Label vum Green Event ze beméien.

Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft

Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft

25m 58s

Waasserstoff – eng Technologie mat Potential.

An dëser Episode kréie mir en exklusive Bléck op d'Chancen an d'Hierstellung vum Waasserstoff vum Yves Reuter, Chef Projet am Beräich Waasserstoff bei Enovos. Zousätzlech hu mir de François Schneider, Strategy, Markets & EU Regulations bei Creos, ageluede fir seng Expertis iwwert déi national an europäesch Strategië mat eis ze deelen.

Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand

Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand

30m 11s

Solar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen?

An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen.

Dofir waren de Patrick Jeitz an den Eric Golinelli bei eis an hunn iwwer d’Challenges an d'Chancë vun sou Anlage geschwat. Och den Expert Pierre Kalmes vum Büro d’Etudes efor_ersa huet iwwer hir Beobachtunge bericht.

Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.